Den 28. Abrëll 2021 ass zesumme mam SIAS de Gréngflächeplang vun der Gemeng Schëtter am Gemengerot virgestallt ginn. Dëse Gréngflächeplang gesäit, fir all eenzel Gréngfläch déi der Gemeng gehéiert, kloer Direktive fir eng nohalteg Beplanzung a Gestioun vir. Et ass kloer festgehalen, dass weiderhi keng Pestiziden agesat ginn an dass den ëffentleche Raum naturno, biodiversitéitsfrëndlech an extensiv bewirtschaft gëtt. Dat bedeit och eng manner zäitintensiv a vereinfacht Fleeg, ee bessere Waasserhaushalt an eng klimaugepasste Vegetatioun.
Mir wëllen als Gemeng ee Virbild sinn a weisen, dass d’Resultat vun enger naturnoer Gestioun vun de Gréngflächen och ganz flott kann ausgesinn.
Duerch de Relevé vun all de Gréngflächen, deen an engem informateschen a kartographesche System gemaach ginn ass, ass et och méiglech d’Aarbechte méi einfach ze organiséieren.