Nei Photovoltaik-Anlag op der Maison-relais “An der Dällt” zu Minsbech

Home News Beiträge Nei Photovoltaik-Anlag op der Maison-relais “An der Dällt” zu Minsbech
Nei Photovoltaik-Anlag op der Maison-relais “An der Dällt” zu Minsbech

Nei Photovoltaik-Anlag op der Maison-relais “An der Dällt” zu Minsbech

A.C. Schutrange/EnerCoop Syrdall Aus der Praxis 21 Juni 2021

Ënn Mäerz konnt fir d‘regional Energiekooperativ EnerCoop Syrdall hir 5. PV-Anlag – di 2. um Gebitt vun der Gemeng Schëtter – fäerdeg gestallt ginn. Et handelt sech dobäi ëm eng Anlag op dem Dach vun der Maison-Relais zu Minsbech mat enger Leeschtung vun 29,82 kWp, déi sech aus 89 PV-Modullen a méi Wiesselriichter zesummesetzt.

Well op Deeler vum Dag vun der Maison-Relais „An der Dällt“ eng Gréngfläch ugeluecht gouf, hunn d’Modullen op speziell dofir gemaache Stëtze befestegt misse ginn. Dobäi gouf opgepasst, e grouss genuchen Ofstand zum Rand vum Dag ze hale fir datt een d‘PV-Modullen net vun der Stroossesäit gesi kann. Nëmme vun der Récksäit, a Richtung Tennisplaz, kann een erkennen, datt elo och dëst Gebai vun der Gemeng Schëtter mat enger klimafrëndlecher PV-Anlag equipéiert ass.

Pro Joer wäert dës Anlag ronn 28.250 kWh Stroum produzéieren. Dofir kritt de Bedreiwer EnerCoop Syrdall  – an deem sech Bewunner vun de Syrdall-Gemenge Conter, Nidderaanwen, Sandweiler a Schëtter zesummegeschloss hunn fir d’Produktioun vu gréngem Stroum ze fërdere – 15 Joer laang e staatlech garantéierten Aspeisstarif, iwwert deen d’Investitioun vu ronn 37.500.-€ ofbezuelt an e klenge Benefice erwirtschaft gëtt.

E grousse Merci geet un d’Gemeng Schëtter, déi der Energiekooperativ den Dach vun der Maison-Relais fir eng symbolesch Zomm pro Joer zur Verfügung stellt. No deene 15 Joer Zréckkaf-Garantie kann d’Geméng d‘PV-Anlag dann iwwerhuelen. Souwuel op de PV-Modulle wéi och op de Wiesselriichter ass eng Hierstellergarantie vu mindestens 20 Joer drop.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :