Grouss Botz 2019 – Contern

Home News Beiträge Grouss Botz 2019 – Contern
Grouss Botz 2019 – Contern

Grouss Botz 2019 – Contern

De Schäfferot - Gemeng Conter Aus der Praxis 15 April 2019

D’Gemeng Conter huet dëst Joer mam Léierpersonal, der Jugend- an der Emweltkommissioun d’grouss Botz eng éischte Kéier zesumme mat all hire Schoulkanner organiséiert. Mueres hu sech déi fräiwëlleg Bierger, d’Kanner an d’Gemengepersonal, no enger klenger Stäerkung, op de Wee gemaach. An all Duerf ware verschidde Gruppen ënnerwee.

Fir D’Mëttegiessen huet ee sech erëm um Schoulsite getraff a no engem gudden Iertsebulli konnten d’Schoulklasse bei verschiddenen Atelieren matmaachen. Ganz vill Informatiounen kruten déi Interesséiert bei de Stänn vun ASTM, der biologescher Statioun vum SIAS, der Superdreckskëscht,  der EnergieAgence an der Firma Shime. Zousätzlech hunn d’Jugendkommissioun an d’Conciergerie nach 2 flott Atelieren zum Thema Upcycling organiséiert.

D’Kanner wore begeeschtert a freeë sech op eng nächste Kéier! Mir all woren erféiert wéivill Dreck d’Leit an eis Natur geheien.

De Cycle 3 krut hire Zertifikat zum Thema “Nachhaltigkeit macht Schule” iwwerreegt.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :