Am Kader vun der jäerlecher Botz-Aktioun vun der Gemeng Nidderaanwen konnten d’ Bierger den 24. Abrëll op eegen Initiativ Dreck aus der Natur sammelen, deen da vu Memberen aus der Ëmweltkommissioun triéiert ginn ass.
Fir all Kilo gesammelten Dreck ass 1€ un den Télévie gespent ginn. Soumat konnt als Ofschloss dem Télévie een Chèque vun 500.-€ iwwerreecht ginn.