KoBri Rallye

Home News Beiträge KoBri Rallye

KoBri Rallye

Jean-Claude Schmitz - A.C. Kopstal Aus der Praxis 20 Oktober 2019

D’Iddi fir den KoBri Rallye (Koplescht-Briddel Rallye) ass am Februar 2019 enstan. Dëst Evenement, mat dem d’Gemeng Koplescht beim « Dag vun der Natur » matmëcht, soll de Participantsen op spillerech Art a Weis d’Schéinheet vun der Natur ronderëm den zwou Lokalitéite méi nobréngen.

Op verschiddene Statiounen gëlt ët Froen ze beäntweren, déi zum Deel mat der Gemeng ze dinn hunn. Nom Rallye gëtt den Dag da beim engem gudde Maufel an engem Patt ausgklénge gelooss. Zum Rahmeprogramm gehéieren natiirlech och ee Concert an d’Präisiwwereeschung. Bei der éichter Editioun 2019 konnt d’Gemeng op Hëllef vu lokale Veräiner an externe Partner wéi dem ORT Guttland oder och nach der Fairtrade Lëtzebuerg ASBL zielen. Fir de KoBri Rallye 2020 soll dës Philosophie och konsequent virugefouert an ausgebaut ginn. Zousätzlech gi flott Spiller fir Kanner op den eenzelne Statioune mat agebaut.

Vu dat d’Gemeng Koplescht Klimapakt- a Klima-Bündnismember ass, gëtt de Rallye och genotzt fir de Bierger iwwert Naturschutz an déi eenzel Engagementer vun der Gemeng an dësem Beräich z’informéieren. Op Plastik gëtt ganz verzicht.

Nexte RDV. also Samsdes, de 27te Juni 2020. Détailléiert Informatiounen krit dir op www.kopstal.lu .

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :