Nodeems am Joer 2009 d’ Gemeng Luerenzweiler sëch dem
Amazonas verschriwwen hat, steet fir 2011 Afrika um Programm.
Och bei dësem Projet sinn nees eng ganz Partie
Aktivitéite virgesinn : Kachkuren, Ausstellungen, Konferenzen, Fester an e
Solidaritéitslaf. D’ Ziel dovun ass d’ Ënnerstëtzung vum « Centre
pour l’Ecologie et le Développement » (CED) am TOGO.
Lass geet et mat der Ausstellung « Village
Africain », déi vum 28.02 bis zum 12.03 am Sëtzungssall vun der Gemeng
Luerenzweiler ze gesinn ass. Hei gëtt während 2 Wochen e ganzt afrikanescht
Duerf opgeriicht, wou d’ Schoulklassen aus eiser Gemeng sëch, bei enger
« visite guidée » e Bild vum Liewen an Afrika kënne maachen.
D’
Ausstellung ass doriwwer raus fir Jiddereen op während den Öffnungszäiten vun
der Gemeng, d.h. Méindes bis Freides vun 9.00 – 12.00 an 13.00 – 16.00 Auer, an
Donneschdes bis 19.00 Auer.