Wéi de Kleeschen de 6. Dezember zu Munneref an der Schoul an op der Gemeng zu Besuch war kruten d’Schoulkanner alleguerten eng Tiitchen an am Kader vum Klimapakt nohalteg Schmierekëschten a Fläschen, déi si kënnen op enger vun zwou Waasserstatiounen oder um Krunn an der Schoul fëllen. Mat dësem nohaltege Projet ginn d’Kanner sensibiliséiert a geléiert d’Ëmwelt ze schounen an de Gebrauch vu Plastik gëtt esou däitlech erofgesat.
Copyright Foto: Nathalie Hippert