Am Juli sinn d’Mataarbechter vun der Gemeng an enger Presentatioun iwwert d’Ambitioune vun der Gemeng zum nohaltegen Akaf a Präsenz vum Schäfferot informéiert ginn. D’Zil war den nohaltegen Akaf vun de Gemengeservicer ze organiséieren an d’Virdeeler ze erklären. D’Resultater vum nohaltegen Akaf sinn ënner anerem eng Reduzéierung vun de Gesondheetsgefore fir d’Mataarbechter, d’Ënnerstëtzung vu gudden Aarbechtsbedingungen a sozialer Gerechtegkeet a Produktiounslänner, d’Ënnerstëtzung vu regionalen Entreprisen, d’Reduzéierung vu CO2 Emissiounen, Energieverbrauch an Transport (NOx Emissiounen, Verkéier), d’Reduzéierung vun Ëmweltbelaaschtungen, d’Erhéijung vun der Kreeslafwirtschaft, d’Reduzéierung vun de Käschten an eng Virbildfunktioun fir Bierger an aner Gemengen.