Am Gemengerot vum 15. Juli 2020 huet de Schäfferot vu Schëtter seng Virstellungen zu Klimaziler op Gemengenniveau fir 2030 virgestallt. Dës Ziler ginn am Kader vun der Preparatioun vum Schëtter Klimapaktaktiounsplang a verschiddene Workshoppen diskutéiert, eventuell ugepasst an duerno am Gemengerot decidéiert. D’Ziler sinn aus insgesamt knapps iwwer 100 Indicateuren erausgesicht ginn. Si ëmfaasse verschidde Beräicher, wéi z.B. Verbräich (Offall, Waasser) op Gemengenniveau, Stroossebeliichtung, Veranstaltungen, Verbräich vun de Gemengegebaier (Energie, CO2, Waasser), Sanéierung an Neibau vu Gemengegebaier, Produktioun vun erneierbaren Energien, Mobilitéit a Weiderbildunge vun de Mataarbechter.