Den 28/10/2020 huet de Gemengerot een neit Offalltaxereglement gestëmmt wat ab dem 1/1/2021 a Kraaft trëtt.
Dëst Reglement wat op d’Verweiung vum Offall baséiert, ass e weidere wichtege Schrëtt a Richtung Null-Reschtoffall. Mat den neien Taxe sollen all déi belount ginn déi mat op de Wee vun der Vermeidung, dem Weidernotzen an dem Recycling ginn.
Andeems dir manner Offall produzéiert maacht der an Zukunft net nëmmen eng grouss Ustrengung fir eis Ëmwelt, mee dir spuert donieft och Geld, nom Prinzip vum „polluer/payeur“.
Weider Detailer zum Reglement stinn an der detailléierter Broschür déi ausgedeelt ginn ass.