De 26.9 hunn d’ Veräiner am LOISI an enger Versammlung déi nei ökologesch Charta vum Kevin Becker, Beoptraagte fir d ‘nohalteg Entwécklung, virgestallt kritt. Mat dëser Charta soll d‘ Zesummenaarbecht tëschent de Veräiner an der Gemeng Nidderaanwen gestäerkt ginn.
Des Weideren hunn d’ Veräiner zousätzlech Dokumenter als Hëllef fir den nohaltegen Akaf an d’ Planung vun nohaltegen Evenementer kritt. An Zukunft ginn op järleche Versammlung d’ Veräiner mat dem Nidderaanwener Ëmweltlogo zertifiéiert, wou sie hier Best-Practice-Aktioune mateneen deele kënnen.