„Anescht Liewen“ ass de Podcast vun der ASTM an Zesummenaarbecht mat Radio ARA an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg. Eisen Motto ass „Act local – Think global“. Dësen Podcast ass fir all Mënsch deen sech fir global Zesummenhäng, Klimagerechtegkeet, Solidaritéit mam globalen Süden an weider änlech Themen interesséiert.
Trailer
All éischten Freiden am Mount kennt eng nei Episod vun „Anescht Liewen“ eraus. Mir schwätzen mat engem interessanten Gaascht iwwert aktuell Themen. Zu dësem Podcast gehéiert och en Agenda mat interessanten Veranstaltungen zu den Themen vun ASTM an Klima-Bündnis Lëtzebuerg. D’Sendung gëtt als Radiossendung op Radio ARA ausgestraalt an ass dono an der Mediathéik verfügbar.
Moderatioun: Cédric Reichel
Introsmusek: The Disliked – Money
Episode 5: Rette Fraen d’Welt?
Gaascht: Ivonne Yanez vun Accion Ecologica am Ecuador
Episode 4: Mat guddem Gewëssen akafen an investéieren?
Gaascht: Jean-Louis Zeien – President vun Fairtrade Luxembourg
Mir schwätzen iwwert d’Initiative pour un devoir de vigilance zu Lëtzebuerg, déi rezent Entwécklungen, d’Kandidatur vun Lëtzebuerg fir en net-permanenten Setz am UN-Mënscherechtsrot an déi politesch Aarbecht vun Fairtrade.
Weider Informationen:
https://www.initiative-devoirdevigilance.org
https://www.fairtrade.lu/willkommen.html
Episode 3: Klimaaktivismus gëschter, haut a muer.
Gaascht: Dietmar Mirkes, Responsabel fir Koordinatioun vum Nord-Süd-Volet an de Gemenge vum Klima-Bündnis bis Enn 2020.
Mir schwätzen iwwert Klimaaktivismus zu Lëtzebuerg virun de Fridays for Future Protester. Wéi ee Klimaaktivismus brauch et an der Zukunft a wat heescht d’Ofso vun der COP26 zu Glasgow fir d’Klimapolitik op der Welt?
Episode 2: Ass d’Coronavirus-Pandemie eng Brems fir de Klimaaktivismus?
Gäscht: Natasha Lepage & Jerry Simon vun Youth for Climate Luxembourg
www.facebook.com/youthforclimateluxembourg/
Natasha Lepage: “Ech well net méi mussen erklären dass mir an enger Kris sinn”.
Mat mengen zwee Gäscht schwätzen ech iwwert jonken Klimaaktivismus, Klimaaktivismus am Joer 2020, nei digital Protestformen an wei den Klimaaktivismus vun der Zukunft kéint ausgesinn.
Link zum Podcast vun mengen Gäscht: https://podcast.ara.lu/blog/2020/09/22/climate-hotline-episode-no-2/
Episode 1: Ass d’COVID19-Pandemie eng Chance fir de Klimawandel?
Gaascht: Nicolas Hentgen, Finanzanalyst an Klimablogger. www.klyme.online