Samschdeg, den 25. November war zu Conter an der aler Hal de Repair-Café.
Hei sinn eng 40 Leit zesumme komm, fir allerhand Saachen ze flécken a flécken ze loossen. Tëleeën, Poschen, Kleeder, Still an esou guer en e-Bike waren ënner anerem dobäi.
Fir déi néideg Verstäerkung huet de Fairtrade Grupp gesuergt a Kaffi a Croissanten zur Verfügung gestallt.