TdD 2015 in Roeser

Home News Beiträge TdD 2015 in Roeser
TdD 2015 in Roeser

TdD 2015 in Roeser

Max Klein - Roeser Aus der Praxis 1 Oktober 2015

Dëst Joer huet d’Gemeng Réiser fir déi éischte Kéier bei der Aktioun Tour du Duerf matgemaach. Et hunn 26 Vëlosfuerer bei der Aktioun matgemaach – dorënner privat Leit awer och eng vun eise Maisons Relais. Am Ganze sinn esou 1002 Kilometer zesumme komm.

Am Kader vun der Aktioun Tour du Duerf, huet de Schäfferot, zesumme mat de Kommissioune fir Ëmwelt a Verkéier, de 26. September 2015 en Vëlostour duerch de Réiserbann organiséiert. Nieft Vertrieder vum Schäfferot an deenen 2 Kommissiounen huet och deen een oder anere Réiserbänner Bierger matgemaach.

Moies um 9.00 Auer war de Rendez-Vous bei der Gemeng zu Réiser an den Tour ass iwwert Béiweng, Bierchem, Léiweng, Peppeng iwwert Krautem erëm zeréck op Réiser gaangen. Ënnerwee ass op verschiddene Plazen e Stopp gemaach ginn, fir ze kucken op de Vëlo op deene Plaze wëllkomm ass oder ob et op der Plaz nach eppes nozebessere gëtt.

Et sollt sech erausstellen, datt op Plaze Vëlosstännere feelen, wéi bei verschiddene Schoulinfrastrukturen oder engem Centre Culturel oder Feldweeër an engem schlechten Zoustand si fir do mam Vëlo ze fueren. D’Gemeng Réiser mëcht all Joer op e puer Kilometer Feldwee en neie Belag. Hei léisst et sech och wonnerbar mam Vëlo fueren, wéi sech bei der Geleeënheet gewisen huet.

Als Ofschloss vum Tour, huet d’Gemeng e Patt an en Zalotebuffet, deen vun de Käch aus der Maison Relais preparéiert ginn ass, offréiert.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :