Ville de Luxembourg: Firwat ass et dem Äisbier sou waarm?

Home News Beiträge Ville de Luxembourg: Firwat ass et dem Äisbier sou waarm?
Ville de Luxembourg: Firwat ass et dem Äisbier sou waarm?

Ville de Luxembourg: Firwat ass et dem Äisbier sou waarm?

CAPEL Aus der Praxis 20 Oktober 2014

„Klima“ ass ee Wuert, dat een dacks héiert. Wat ass „Klima“? A firwat gëtt sou vill driwwer geschwat? Kënne mir selwer eppes maachen, fir dem Klima net zevill ze schueden? Zesumme kënne mir dëse Froen op de Fong goen an no Äntwerte sichen an um "Klimadësch" ausprobéieren, wéi mer d'Klima beaflossen.

Wann Är Klass Loscht huet, d’Klimafro op eng spilleresch Manéier méi genee ënnert d’Lupp ze huelen, villes z’entdecken a sech iwwerraschen ze loossen, da kommt an der Millebaach laanscht! De Projet dauert ee ganzen Dag, d’Mëttegiesse gëtt op der Plaz zerwéiert.

Sollt Dir Iech no dësem Dag am CAPEL nach weider mam Thema ausernaner setze wëllen, da kënne mir Iech un eis spezialiséiert Partner weiderleeden, déi interessant Aktivitéiten an dësem Kader ubidden.

Wann ee Foyer scolaire/eng Maison Relais Loscht huet, sech mat der Problematik auserneen ze setzen, kontaktéiert eis – mir kucke fir de Programm sou unzepassen, datt et zäitlech fir Iech geet, an trotzdem ganz flott ass.

De „Klimadësch“, deen am Kader vum Projet benotzt gëtt, ass an Zesummenaarbecht mat dem Centre Henri Tudor entstan. De Projet gëtt vum Fonds national de la Recherche ënnerstëtzt.

Zilgrupp: Cycle 3 – Datum: 3. Trimester 2014 – Deeg: LU – ME – VE

Horaire: 8.30-15.30 Auer (mat Mëttegiessen op der Plaz) – Plaz: CAPEL – Millebaach

Infos: Roland Gilbertz – Tel.: 4796-3272 – Email: rgilbertz@vdl.lu.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :