Waasserschutz an der Gemeng Conter

Home News Beiträge Waasserschutz an der Gemeng Conter
Waasserschutz an der Gemeng Conter

Waasserschutz an der Gemeng Conter

Cathy Diederich, A.C. Contern Aus der Praxis 7 Juli 2020

Säit Hierscht 2018 huet d’Gemeng Conter um Projet Maiskappen geschafft. Zil ass et, kappe nees ze etabléieren, fir Sprëtzmëttel anzespueren an esou den Impakt, vun der landwiertschaftlecher Produktioun op de Flächen an eiser Gemeng, op eis Quellen ze miniméieren.

Duerch déi gutt Coopératioun am Kader vun der Düngeberodung, huet d’Gemeng Conter beim Projet “Mais kappen” och op d’Landwirtschaftskammer zeréck gegraff.

No enger éischter Saison 2019 wou den Herr Colbus vun der Landwirtschaftskammer dat ganzt coordinéiert huet, an eng extern Firma d’Kappen iwwerholl huet, ass am November Bilan gezunn ginn, an et gouf festgehal, eng eegen Maschinn uneschafen, fir méiglechst effizient kënnen ze schaffen.

Aus enger sinn der elo zwou ginn, e Striegel, mat deem mechanesch Onkrautbekämpfung gemaach gëtt ier de Mais gekeimt huet, bis dass en 2-3 Blieder huet. Déi Maschinn schafft op enger Breet vun 12m.  An eng Kappmaschinn mat Bandsprëtz, déi entweder 6 oder 8 Reien Mais an enger Kéier kappt, a falls néideg punktuell an der Maisrai Onkraut sprëtzt.

Duerch dës mechanesch Onkrautbekämpfung ginn tëscht 75% an 100% vum Sprëtzmëttel agespuert, wat eise Quellen ze gutt kënnt.

Dëst Joer huet d’Gemeng Weiler-la-Tour och en enger Tesphase um Projet deel geholl. Dat heescht konkret, Flächen, déi um Territoire vun der Weiler Gemeng leien, konnten, wann d’Betriber da wollten, vun eise Maschinne profitéieren.

Mir hoffen an deem Sënn op eng gutt weider Zesummenaarbecht am Sënn vu propperem Drénkwaasser.

Photo Copyright Charlot Kuhn

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :