Projet EQUIVELO

Home News Beiträge Projet EQUIVELO
Projet EQUIVELO

Projet EQUIVELO

BODEN Jean, Gemengeconseiller zu Jonglënster Aus der Praxis 7 Juli 2020

Equivëlo huet als Objektiv fir zesummen mat deene Mënsche fir déi dës Initiativ opgebaut ginn ass, also un éischter Stell fir all déi Mënschen déi bei ons Zuflucht (Demandeurs de Protection internationale) fonnt hunn, awer och fir all sozial benodeelegt Mënschen zu Lëtzebuerg, Vëloen zu Verfügung ze stelle fir hinnen eng weider Méiglechkeet fir Mobilitéit a Fräizäitaktivitéiten ze offréieren.

Equivëlo ass eng Initiative vun EquiClic, där Asbl déi an a vun der Gemeng Jonglënster gegrënnt ginn ass, fir ze hëllefen d’Ziler vum Klima-Bündnis mat ëmsetzen. Mir hunn am September 2019 de Projet lancéiert an hunn bis haut mat Hëllef vu ronn 10 Benevolen (Membere vun Equiclic an Demandeurs de protection internationale) ronn 250 Vëloen zur Verfügung gestallt. Dës Vëloe si vun hinne stroossentauglech gemaach ginn.

Mir hunn fir dëse Projet ze lancéiere vun der Gemeng Jonglënster een Atelier mat Büro’s Raum an och een Depot zur Verfügung gestallt kritt. Finanziell si mir am Ufank och vun der Oeuvre Grand-Duchesse Charlotte ënnerstëtzt ginn.

D’Vëloe ginn da mat engem Loyer vun 1 Euro pro Mount verlount. Equivëlo bekëmmert sech ëm den Entretien vun de Vëloen a stellt och Helmer zu Verfügung.

Mat dësem Projet probéiere mir engersäits dëse Mënschen eng Méiglechkeet ze bidden sech och bei ons ze engagéieren, sozial Kontakter hei méi einfach ze maachen an hinnen eng besser Mobilitéit an och Fräizäitaktivitéiten ze offréieren. Dëst souwuel fir Erwuessener wéi och fir d’Kanner. Awer och de Gedanke vun enger Ekonomie Circulaire spillt hei mat.

Mir kréien dës Vëloen aus ënnerschiddleche Quellen, vu Privatleit, vum Recycling Center Jonglënster, a vir un allem och vum Cactus, deen ons all déi Vëloen offréiert huet, déi am Kader vun hirem alljährleche Vëlo’s Occasiounsmaart net verkaaft gi sinn. Alleng am Juni dëst Joer hu mir vun hinne ronn 170 Vëloen geliffert kritt. Fir all dës Vëloe fachgerecht ze ënnerhalen, ze reparéieren a strossentauglech ze maachen, si mir op Hëllef vu ville Benevoler ugewisen, an awer och op finanziell Ënnerstëtzung. Hei si mir fir all Don ganz frou. Alleng de Sécherheetsequipement pro Vëlo kascht ons ronn 50 €.

Fir de Moment schaffe mir mat 10 Foyeren (geréiert vun der Croix Rouge, Caritas, oder OLAI) zesummen. Och verschidden ‘Offices sociaux’ kontaktéieren ons regelméisseg fir Vëloen ze kréien. Fir den administrativen Deel ze meeschteren, hu mir dat lescht Joer eng Persoun iwwert de Statut vun der ADEM – contrat aidé 50+ du Ministère de Travail – agestallt.

 

Projet Equivelo – Equiclic asbl

12, rue de Bourglinster

L-6114 Junglinster

E-Mail: info@equivelo.lu

GSM: 691787615

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :