Fir déi 3. Kéier huet d’Gemeng Betzder zesumme mam Jugendhaus an dem Duerfbuttek an Duerftreff “Beim Lis“ de Chrëschtmaart beim Syrkus zu Rued-Sir organiséiert.
Foto copyright Franz Speltz
Ganz besonnesch frou waren d‘Organisateuren, datt si de Label “Green Events” kritt hunn, an datt hir Beméiunge fir méi Nohaltegkeet vun alle Veräiner an Aussteller matgedroe ginn ass. D‘Lokalveräiner hate beschtens virgesuergt, an d’Leit mat lokalen a regionale Produiten, esou wéi Bio- a Fairtradeprodukter verwinnt.