AktiounsDag vum Gemeinschaftsgaart „E Gaart op Haard“ zu Rued-Sir

Home News Beiträge AktiounsDag vum Gemeinschaftsgaart „E Gaart op Haard“ zu Rued-Sir
AktiounsDag vum Gemeinschaftsgaart „E Gaart op Haard“ zu Rued-Sir

AktiounsDag vum Gemeinschaftsgaart „E Gaart op Haard“ zu Rued-Sir

Nathalie Neubert, A.C. Betzdorf Aus der Praxis 7 Juli 2020

Am Joer 2019 huet d’Gemeng Betzder de Projet vum Gemeinschaftsgaart “E Gaart op Haard” zu Rued-Sir lancéiert. Et geet drëms, dass d’Awunner eng Gaardeparzell kënne lounen fir selwer Uebst a Geméiss unzeplanzen. 27 Parzelle stoungen zur Verfügung, si sinn alleguer u Bierger verlount ginn.

Een éischten Aktiounsdag hat de 6. Juli 2019 stattfonnt, wou ë. a. déi folgend Aarbechten duerchgefouert goufen: d’Uleeë vun Weeër, de Bau vun engem Haische fir d’Gaardegeschier, d’Parzelle si mat Beemstämm ofgetrennt ginn, eng Clôture gouf opgeriicht.

Beim 2. Aktiounsdag, deen am Kader vum Nationalen Dag vum Bam den 9. November 2019 stattfonnt hat, goufen ënnert der Uleedung vum Här Buergermeeschter Jean-François Wirtz an dem Responsabele vum kommunale Gäertnerservice, dem Här Edwin Pothoven zesumme mam Gemengepersonal vum Gäertnerservice eng sëllech Uebstbeem an Hecke geplanzt. D’Aktioun war e grousse Succès, wäit iwwer 30 Bierger aus der Gemeng hu mat vill Freed a mat vollem Asaz eng Hand mat ugepaakt. De Projet Gemeinschaftsgaart hëllt ëmmer méi Gestalt un a wäert viraussiichtlech am Fréijoer d’nächst Joer offiziell ageweit ginn.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :