Grousse Velostour
D’Gemenge Conter, Hesper a Weiler-la-Tour hunn am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch e grousse Velostour organiséiert. De 17. September waren d’Stroosse fir den Autosverkéier gespaart fir dass d’Mobilité douce Plaz fënnt an d’Leit e flotten Tour duerch déi 3 Gemenge konnt maachen. An All Duerf war e Stand opgeriicht ginn wou verschidden Aktivitéiten ugebuede gi sinn.
Conter : D’Police huet en Encodéierungsstand gemaach. Ausserdeem hat d’APE e Geschécklechkeetsparcours fir déi Kleng organiséiert. D’Jugendhaus Mutfert war mat engem Bastelatelier present.
Zu Syren kruten d’Leit frësch gepresste Jus an Uebst verdeelt. Fir d’Kanner ass eng BMX-Pist opgeriicht ginn.
Zu Hesper war City Mouv mat engem Informatiounsstand present.
Fête de la mobilité
Am Kader vum Plan mobilité entreprises kruten d’Betriber aus der Zone industriel zu Conter d’Méiglechkeet sech ze presentéieren an den anere Betriber ze weise wat si scho fir Moossname betreffend der Mobilité douce ënnerholl hunn.
D’Gemeng huet hire Fuerpark presentéiert. Et si vill flott Iddien presentéiert ginn, wéi zum Beispill de Projet fir eng autonom Navette duerch d’Industriezone fueren ze loossen.
Merci dass dir den ëffentlechen Transport notzt
Den 22/09 hunn déi Gemengeresponsabel de Leit déi mueres mam Bus op d’Aarbecht oder an d’Schoul gefuer sinn e Croissant verdeelt fir Merci ze soen, dass Si den ëffentlechen Transport notzen.