Mam Vëlo duerch de Lëtzebuerger Westen

Home News Beiträge Mam Vëlo duerch de Lëtzebuerger Westen
Mam Vëlo duerch de Lëtzebuerger Westen

Mam Vëlo duerch de Lëtzebuerger Westen

Caroline Schmit, Klimapakt-Beroderin Beckerich Aus der Praxis 23 August 2016

D’Gemeng Biekerech ass am gaang zesummen mat hiren 18 Partnergemengen aus de Leader-Regiounen Atert-Wark a Lëtzebuerg West ee gemeinsamen Vëlosprojet ëmzesetzen.  D’Ziel vun dësem Projet ass et fir all Dierfer aus dem Westen vum Ländchen ënnereneen ze vernetzen an un dat nationaalt Vëlosnetz unzeschléissen. Nëmme befestegt a wéineg befuere Weeër (Feld- & Bëschweeër, wéineg befueren Chemins Repris,…) sinn zréckbehale ginn an op der Vëlos-Kaart “L’Ouest du Luxembourg à vëlo” opgezeechent ginn:

Di nächste Méint ginn des kommunal Vëlosweeër mat Schëlter équipéiert, déi de néie Richtlinnen vum Nohaltegkeetsministère entspriechen. D’Gemeng Biekerech wäert och eng Verbindung mat hirer belscher Nopeschgemeng Atert ausschëlderen. Gläichzäiteg schafft d’Gemeng Biekerech nach weider drun fir hiert kommunaalt Vëlosnetz ze verdichten a méiglechst sécher a bequem ze gestalten, andeems z.B. Sens uniquen fir de Vëlo opgemat ginn, de Belag vu Feldweeër ausbessert gëtt, Marquagen op de Stroosse virgesinn sinn an a zukënftege Bauprojeten Ofkierzungen fir d’aktiv Mobilitéit mat geplangt ginn.

Mir hoffen, dass eise   deen iwwer eng rezent Ëmfro ermëttelt ginn ass, duerch dëse Projet sech wäert zu Gonschten vun der aktiver Mobilitéit verbesseren. An gläichzäiteg schaffe mir drun fir d’touristesch Potenzial vun eisem Kanton sou besser ze erschléissen.

 

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :