Neie Sportkomplex ‚Op de Fréinen‘ zu Jonglënster

Home News Beiträge Neie Sportkomplex ‚Op de Fréinen‘ zu Jonglënster
Neie Sportkomplex ‚Op de Fréinen‘ zu Jonglënster

Neie Sportkomplex ‚Op de Fréinen‘ zu Jonglënster

BODEN Jean – Gemengerot Jonglënster Aus der Praxis 4 Juli 2017

Fir der wuessender Demande vun onse Sportsveräiner gerecht ze ginn, an och fir dem neie Lycée zu Lënster nach Méiglechkeeten ze gi fir ons Sportsinfrastrukture besser ze notzen, gëtt momentan ee ganz neie Sportkomplex gebaut. Hei entsteet dann eng Tennishal mat 4 Terrainen (2600 m2), eng zweet Sportshal (1200 m2) mat engem 45 op 27 Meter grousse Multisport-Terrain (mat Gradin fir +- 170 Zuschauer), een 300 m2 grousse multifunktionelle Raum fir Taekwondo, Fitness etc, an eng 80 m2 grouss Klotterwand. Zwëschen dës zwou Sportshale kënnt eng Buvette vun där een aus d’Aktivitéiten aus deenen zwou Hale kann observéieren.

Mir notzen dës Geleeënheet fir hei ee ‚Projet Pilote‘ draus ze maachen. Dëst Gebai gëtt an enger AAA Klass (de Kader ass aus Holz) gebaut, a mir hunn ee spezialiséierte Büro beoptraagt fir hei all Baumaterialien op hier Nohaltegkeet ze iwwerpréiwen. Doriwwereraus gëtt d’Reewaasser genotzt fir d’Toiletten ze spullen. Een Deel vum Daach vun der Sportshal gëtt och als Gréngfläch genotzt, an op een aneren Deel installéiert d’Gemeng eng Photovoltaik-Anlag, fir den esou selwer produzéierte Stroum, zum Eegeverbrauch ze notzen. Heimat soll vir un allem de Basisverbrauch vun dësem Sportkomplex ofgedeckt ginn. Déi, op dësem Site bestoend Mazout a Gas Heizunge ginn duerch eng zentral Holz-Pelletheizung ersat, a Kombinatioun da mat engem kléngen Nahwärmenetz.

Ons Energiekooperativ ‚EquiEnerCoop‘ hei zu Lënster kritt dann, vun der Gemeng, den Daach vun der Tennishal zur Verfügung gestallt fir hei eng 180 – 200 kWp PV Anlag opzeriichten. Dëse Projet gëtt nach dëst Joer realiséiert, sou datt dës Anlag bis Enn des Jores un d’Netz ka goen.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :