Formatioun „Protection du Sol – Protection du Climat“

Home News Beiträge Formatioun „Protection du Sol – Protection du Climat“
Formatioun „Protection du Sol – Protection du Climat“

Formatioun „Protection du Sol – Protection du Climat“

Klima-Bündnis Lëtzebuerg & CELL Aus der Praxis 30 September 2023

Zanter e puer Joer schonns bidd d’Klima-Bündnis Lëtzebuerg – an enker Kooperatioun mam CELL – all Joers eng Fortbildung fir Hobbygäertner un, zum Thema wéi ee Klima-frëndlech am Gard schaffe kann, mat engem Haaptakzent op de Buedem als CO2-Späicher. Virop ass déi Formatioun fir Leit geduecht, déi an engem Gemeinschaftsgard aktiv sinn oder dat wëlles hunn. Ma bei Interessi kennen z.B. och Leit aus Gemengen-Servicer deel huelen, respektiv Hobbygäertner mat engem Privatgard wa nach Plazen opstinn.

Des Fortbildung erstreckt sech iwwer 4 Weekender am Hierscht, an fënnt dëst Joer zu Hesper respektiv Itzeg statt (mat Ausnahm vum 1. Dag, deen um Terrain vun der Geméiskooperative „TERRA“ ofgehaale gett):

  • den 30.09: 10.00 – 16.00 Auer bei Terra (VdL-Eecherfeld)
  • de 7.10: 10.00 – 15.30 Auer zu Itzeg
  • de 14.10: 9.30 – 15.00 Auer zu Hesper
  • den 21.10: 14.00 – 19.00 Auer zu Hesper

Méi Infos’en iwwert de Programm vun dëser Formatioun fannt Dir hei:

Programme-Atelier-Protection-du-Sol-2023_actualisé

Partizipatioun ass gratis, jiddereen deen interesséiert ass, soll kennen déi 4 hallef Deeg präsent sinn. Mer hu Plaaz fir 20-25 Leit.

Interesséiert? Da mellt Iech einfach un via Email u klimab@oeko.lu

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :