Aweiung vun der Plack « ICI commence la mer »

Home News Beiträge Aweiung vun der Plack « ICI commence la mer »
Aweiung vun der Plack « ICI commence la mer »

Aweiung vun der Plack « ICI commence la mer »

Caroline Calmes, A.C Bettembourg - Foto Pulsa Pictures pour la commune de Bettembourg Aus der Praxis 26 Februar 2021

D’Gemeng Beetebuerg huet de 26. Februar 2021 d’Plack “ICI commence la mer” ageweit.

Bei dëser Iddi geet et drëm d’Konsequenzen vum Littering an de Stroossen an op all anere Plazen ze erläuteren. All Offall den op de Buedem geheit gëtt (ganz oft Zigarettestëmp), gëtt fréier oder spéider an e Kanal gespullt, andeems en duerch e Gulli fält. Den Offall bleift bestoen a lant fréier oder spéider an engem Gewässer.

D’Zil vun der Campagne ass et de “Grand Public” op déi Thematik ze sensibiliséieren well net onbedéngt de Lien gemaach gëtt, tëscht Littering an de Stroossen, op den Trottoiren an op aner Plazen, an eise Gewässer… wou um Schluss vun der Ketten d’Mier ass.

E Bewosstsinn schafen dass alles wat un Offall um Buedem lant an net an enger Poubelle, fréier oder spéider an e Gewässer fléisst.

 

Firwat ginn dës Placke grad bei engem Gulli placéiert?

Fir de Passant drop opmierksam ze maachen wou de Problem vun der Verschmotzung duerch Offall an eise Gewässer ufänkt. Esou gëtt een direkt drop gestouss an dann ass et esou reell wéi méiglech um Terrain duergestallt.

D’Form an d’Material vun dëser Plack sinn esou vun der Firma SHIME proposéiert ginn an d’Grafik gouf vun der Gemeng an Optrag ginn.

 

De Projet “Zéro Mégot” spillt hei och eng Roll

Mat der Firma SHIME hu mir als éischt Gemeng am Land de Projet „Zéro Mégot“ lancéiert bei dem et drëm geet, d’Zigarettestëmp ze recycléieren. Fir déi kënnen ze recycléieren, mussen se an engem Äschebecher landen an net um Buedem, wat e riese Problem duerstellt a woubäi d’Waasser verschmotzt gëtt.

Gusty GRAAS, Schäffen: “Mir hunn e ganz grousse Problem mat de Leit déi fëmmen. Ech wëll net generaliséieren mee et ginn der ze vill déi hier Mégôten einfach op de Buedem geheien. Déi maachen ganz vill Schued un der Natur. En Zigarettestomp brauch 15 Joer bis en sech degradéiert huet. 1 Zigarettestomp geet duer dass 500l Waasser verknascht ginn. Déi 2 Zuelen erklären genuch, wat fir e Schued 1 Zigarettestomp kann u Schued un der Natur uriichten. Dowéinst hu ier an der Gemeng spezifesch Cendrier opgestallt, wou d ‘Leit kënnen hier Stëmp geheien an aus deenen Stëmp ginn Saachen fabrizéiert, zum Beispill Bänken.”

 

Foto Pulsa Pictures pour la commune de Bettembourg

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :