Ufank September ass déi al Flutliichtanlag, fir déi et keng Ersatzdeeler méi gi sinn, um Futtballsterrain zu Minsbech duerch eng nei LED-Flutliichtanlag ersat ginn. Duerch dës Mesure gëtt den Terrain méi hell a gläichméisseg beliicht, an an engems de Stroumverbrauch an d’Liichtverschmotzung an der Ëmgéigend reduzéiert.
Eng nei Flutliichtanlag fir de Futtballsterrain zu Minsbech
07 September 2020