Ettelbréck setzt op d’Sonn

Home News Beiträge Ettelbréck setzt op d’Sonn
Ettelbréck setzt op d’Sonn

Ettelbréck setzt op d’Sonn

Charel Kass - Service écologique Ettelbruck Aus der Praxis 15 März 2021

D’Gemeng Ettelbréck huet op dem Centre des Arts Pluriels Ettelbruck zum Joreswiessel 2019/2020 eng PV-Anlag vun 30 kWp installéiert. Domat gëtt genuch Stroum fir 7 Haushälter produzéiert. 2021 sollen nach 2 weider Anlagen dobäi kommen. Op dem neie Parkhaus soll eng Anlag vu 500 kWp installéiert ginn an op der Hal vum Service des Régies eng vun 30 kWp. Mat dësen zwou Anlage kéinte weider 136 Haushälter mat Stroum versuergt ginn.

Fir dat nächst Joer sinn dann nach 2 weider Anlage geplangt. Op engem neie Gebai soll eng Anlag vu 25 kWp installéiert ginn an op dem Site vum Service des Régies bei Bierden eng vun 150 kWp. Dës zwou Anlage produzéiere genuch Stroum fir 45 Haushälter.

Insgesamt kéint Gemeng also em déi 188 Haushälter mat deenen Anlagen mat Stroum versuergen.

Domat mécht Gemeng net nëmmen ee weidere Schrëtt fir déi national an international Klimaziler ze erreechen, mee versicht och ee Virbild fir hier Bierger ze sinn.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :