Webinar-PV de 7. Dezember 2020 zu Réiser

Home News Beiträge Webinar-PV de 7. Dezember 2020 zu Réiser
Webinar-PV de 7. Dezember 2020 zu Réiser

Webinar-PV de 7. Dezember 2020 zu Réiser

Max Klein – AC Roeser Aus der Praxis 07 Dezember 2020

Méindes, de 7. Dezember 2020 ass op Initiative vum Klimateam vun de Gemeng Réiser zesumme mat MyEnergy an de STEP-Gemengen (Diddeleng, Käl, Rëmeleng, Beetebuerg a Réiser) e Webinar iwwert zum Thema Photovoltaik organiséiert ginn.

D’Madamm Marianne Pesch-Dondelinger konnt an hirer Funktioun als Ëmweltschäffen net nëmmen iwwert 30 Leit aus de jeeweilege Gemengen – an och doriwwer eraus – an d’Madamm Sarah Juchems vu MyEnergy begréissen, mä och de Minister fir Energie a Landesplanung, den Här Claude Turmes. De Claude Turmes huet du kuerz de politesche Kader gesat aus deem eraus d’Hëllefe fir Photovoltaik-Anlagen entstane sinn.

Duerch deen méi techneschen Deel vum Owend huet d’Madamm Sarah Juchems vu MyEnergy gefouert. Hei ass et dorëms gaangen

  • wat ass Photovoltaik,
  • wat sinn d’Viraussetzunge fir kënnen eng Anlag rentabel ze bedreiwen,
  • wien kann eng Anlag bedreiwen,
  • wéi eng Hëllefe ginn et vum Staat?

Uschléissend un d’Presentatioun ass nach eng hallef Stonn sachlech an informativ iwwert d’Thema diskutéiert ginn an et sinn esou och eng Rëtsch Froe beäntwert ginn. Nokucke kann een déi ganz Konferenz op https://www.youtube.com/watch?v=8s8_28UaWrQ

D’Informatiounen aus der Konferenz berouen um legale Kader, deen den 7. Dezember 2020 a Kraaft war.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :