Roeser: Dag am Bësch

Home News Beiträge Roeser: Dag am Bësch
Roeser: Dag am Bësch

Roeser: Dag am Bësch

Max Klein, Service écologique Roeser Aus der Praxis 29 März 2016

Den 29. Mäerz 2016, hat d’Ëmweltkommissioun zesumme mat der Natur- a Bëschverwaltung, verschiddene Veräiner an der Gemeng Réiser op hiren Dag am Bësch invitéiert. No 2013 an 2015 war et déi 3. Editioun. Fir dëst Joer haten sech d’Organisateuren eng Neierung afale gelooss an hunn fir eng éischte Kéier am Kader vum Dag am Bësch e Maart organiséiert, wou si regionale Produzenten a Verkeefer d’Méigelechkeet ginn hunn fir hir Produkter un de Mann an d’Fra ze bréngen; 7 Stänn hunn op der 1. Editioun vum Maart Deel geholl.

Nieft dem Maart, waren och flott Stänn ronderëm d’Thema Bësch a Waasser organiséiert ginn. Den Naturmusée hat deen Dag Luppe matbruecht fir sech kënnen d’Insekten an a beim Waasser méi genau unzekucken. De Judo-Club hat zesumme mam Magica-Club en Atelier, wou si de Leit spannend Experimenter mat Waasser awer och deen een oder aneren Zaubertrick mat Waasser gewisen hunn.

D’Natur- a Bëschverwaltung hunn am Virfeld zesumme mam Waasserwirtschaftsamt Fësch aus dem Weier am Bësch geholl fir emol ze weise wéi eng Zorte Fësch an deem Weier liewen. E bësse weider am Bësch, hat d’Musek e Stand, wou si mat Materialien aus dem Bësch Instrumenter gebastelt hunn.

Um Herchesfeld selwer, hat d’Ëmweltkommissioun bei der ANF e Modell ausgeléint, fir ze weise wéi schnell Waasser a verschiddene Biede versickert. D’Réiserbänner Wisepiipsterten haten net nëmmen e Spill, wou all Drëps Waasser gezielt huet mä hunn um 2 Auer e klenge Concert zum Beschte ginn.

D’Gemeng Réiser huet och vum Dag am Bësch profitéiert an huet op engem Stand d’Visiteuren iwwert hir Ëmweltpolitik an hir Aktiounen an deem Beräich informéiert. D’Gemeng Réiser hat och deen Dag d’ASTM invitéiert, déi op hirem Stand de Projet ARFA am Burkina Faso, de vun der Gemeng ënnerstëtzt gëtt, presentéiert hunn.

Vue dat dësen Dag am Zeeche vun der Nohaltegkeet stoung, gouf och vill Wäert op Fairtrade-Produkter geluecht a Produkter, déi aus der Regioun kommen.

Trotz enger anstänneger Schauer Reen ëm d’Mëttesstonn war den Dag am Bësch 2016 gutt besicht a mir wëllen alle Leit op dëser Plaz Merci soen, déi zu dësem Erfolleg bäigedroen hunn.

Nom Dag am Bësch a virum Dag am Bësch – d’Ëmweltkommissioun wiert sech an deenen nächste Wochen zesumme Gedanke maachen, wat e si 2017 fir den Dag am Bësch kënne bidden.

 

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :