Schëffleng ass (nach) méi gréng ginn !

Home News Beiträge Schëffleng ass (nach) méi gréng ginn !
Schëffleng ass (nach) méi gréng ginn !

Schëffleng ass (nach) méi gréng ginn !

Marc Bimmermann; Photos: A. C. de Schifflange Aus der Praxis 14 Oktober 2019

Och dëst Joer huet d’Gemeng Schëffleng vill Aktioune gestart fir op lokalem Plang dem Verloscht vun der Biodiversitéit entgéint ze wierken.

Uechtert d’ganz Uertschaft sinn Hochbeeter mat Notzplanzen opgeriicht ginn. Vill Leit konnten esou fir dëst wichtegt Thema sensibiliséiert ginn a eenzeler  hunn sech och reegelméisseg zerwéiert fir esou lokal ugeplanzt Kraider a Geméis ze verschaffen.

Fir eis Neigebueren hu mer wei üblech Uebstbeem  a -Sträich ugeplanzt. Well et de Gemengeresponsabelen awer och wichteg erschéngt, datt net nëmmen op de Gemengeflächen ugeplanzt gëtt, mee och bei de Leit doheem, kruten d’Famillen, wa gewënscht hiren Uebststrauch och mat heem.

De Projet vun eisem “Urban Gardening”, wou mer de Leit en Hochbeet zur Verfügung stellen, ass weider ausgebaut ginn an der “Cité Emile Mayrisch” an e véierte Site ass schonn an der Planung fir d’Awunner vun eiser “Maison des Générations”.

Eis Schüler hu mer net vergiess an Dank hirem Asaz an dem vum Léierpersonal ass an der Albert-Wingert-Schoul e flotte Schoulgaart aménagéiert ginn.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :