Vëlo’s Rallye duerch Lënster a Betzder

Home News Beiträge Vëlo’s Rallye duerch Lënster a Betzder
Vëlo’s Rallye duerch Lënster a Betzder

Vëlo’s Rallye duerch Lënster a Betzder

BODEN Jean, Secretaire Energie- Natur an Ëmweltkommissioun vu Jonglënster Aus der Praxis 22 September 2019

Déi éischt Editioun vun der Jonglënster/Betzder Vëlo’s Rallye, Sonndes den 22. September, huet e groussen Uklang fonnt. Duerch d’Zesummenaarbecht vun den Ëmweltkommissiounen aus de Gemenge Jonglënster a Betzder ass ee flotte Parcours opgestallt ginn. Hei hunn och d‘Verkéierskommissioun an d’Sport- a Jugend Kommissioun vu Lënster eng Hand mat ugepaakt. Eng ronn 120 Vëlosfuerer hu matgemaach, an hei op eng aner Manéier déi zwou Gemenge kennegeléiert.

Op zwee Departen, ‘Op Fréinen’ zu Lënster an op der Gare zu Rued-Sir, konnt een op de 26 km laangen Haaptparcours lassfueren, deen duerch Lënster, Eeschler, Ouljen, Rued-Sir, Iernster, Gonnereng an nees Lënster gaangen ass. Fir déi méi sportlech Vëlosfuerer hate mir nach zwou fakultativ Bouclen, vun all Kéier 7 km, zu Buerglënster an zu Betzder um Programm. Dëst alles war mat engem klenge Quiz verbonnen. Hei waren ëmweltspezifesch Froen op engem Froebou ze beäntwerten. D’Gewënner gi kontaktéiert a kréien dann hire flotte Präis.

Vëlosfuerer krute gratis Uebst, Waasser, Croissante mat Kaffi. Als Mëttegiessen hate mir vegetaresch Paella um Programm.

Ënnerwee krut een Informatiounen iwwer d’Offallwirtschaft beim Recyclingszenter zu Jonglënster, zu Eeschler konnt een de Bauerenhaff vu Wirtz-Agri besichen a beim Bëschkierfecht zu Rued-Sir haten ons Fierschteren en Informatiounsstand.

Zu Jonglënster ´Op Fréinen´ haten d’Geschäfter, Trisport a Globus, Stänn ronderëm de Vëlo. Hei konnt een och verschidde Modeller vun E-Biken ausprobéieren.

Mir krute vill positive Feedback, esou datt et gutt méiglech ass, datt mir och 2020 nees e Vëlo’s Rallye organiséieren.

 

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :