INVITATIOUN
op den Technikerforum vum Klima-Bündnis Lëtzebuerg
am Oekozenter Pafendall – Mëttwoch, 26. November 15.30-17.00 Auer
De “Fonds pour la Protection de l’Environnement” – e wichtegt Instrument bei der Ëmsetzung vun kommunale Projeten am Energie- a Klimaberäich!
De staatlechen “Fonds pour la Protection de l’Environnement” huet seng Subventiounskritèren iwwerschafft , fir dat – e.a. am Kader vum Klimapakt – Gemengeprojeten méi zielgerecht kennen ënnerstëtzt ginn. Ziel vum Technikerforum ass et, fir dës nei Kritèren mee och d’Virgoensweis duer zerleeën, fir dat méiglechst vill Klima-Bündnis Gemengen heivunner kenne profitéieren.
Um Programm stinn e. a. 2 Presentatiounen, duerno ass nach genug Zäit fir Froen/Diskussioun.
1) Der Umweltschutzfonds im Kontext des Klimapakts – Fenn Faber/myenergy
2) Aktualisierung der Subventionskriterien des Umweltschutzfonds – Paul Rasqué/MDDI Département de l’Environnement
Dir schafft an engem techneschen Service op der Gemeng? Dir sidd do och fir Energie- a Klimaprojeten zoustänneg respektiv berot de Schäffen- a Gemengerot an dëse Froen? Da mellt Iech un fir den Technikerforum vum KB Lëtzebuerg, per E-Mail paul.polfer@oeko.lu .