Dag vun der nohalteger Mobilitéit an der Stauséigemeng

Home News Beiträge Dag vun der nohalteger Mobilitéit an der Stauséigemeng
Dag vun der nohalteger Mobilitéit an der Stauséigemeng

Dag vun der nohalteger Mobilitéit an der Stauséigemeng

Alain Weiler / Energie-, Ëmwelt– a Klimakommissioun Aus der Praxis 20 September 2015

Am Kader vun der „Semaine de la mobilité“, déi vum 17. September bis den  7. Oktober 2015 gelaaf ass, huet D’Energie-, Ëmwelt– a Klimakommissioun an d’Sport– a Kulturkommissioun aus der Stauséigemeng den 20. September 2015 den „Dag vun der doucer Mobilitéit an der Stauséigemeng“ organiséiert.

Vun 10 bis 17 Auer gouf zu dësem Zweck d’Nationale N26 tëschent Béiwen an der Staumauer bei Léifreg fir den Autoverkéier gespaart.  

Déi éischt begeeschert Vëlofuerer sin nach am Niwwel un den Départ gaang an hun fläisseg Kilometeren gesammelt. Géint Mëtteg huet d’Sonn sech breed gemaach. Vill Leit hun sech et nët huele geloss, fir ze Fouss oder um Vëlo déi 4,4 km laang Streck ouni Autoen ze genéißen.

Fir déi, déi vun Honger an Duuscht geplot waren, war bestens gesuert: d’Pompjëen vun der Stauséigemeng haaten um Parking op der Béiwenersäit en Zelt opgeriicht an hun do Gegrills an Gedrénks verkaaf. Bei der Staumauer bei Léifreg gouf et op hallwem Wee ëppes ze drénken.

Etlech Leit hun dervun profitéiert, fir een vun deene villen elektresche Vëloen ze testen, déi vun der Firma Luxbikes vun Doncols zur Verfügung gestallt goufen. Hei konnten och kleng Reparaturen un de Vëloen gemaach gin. Doniewent konnt en och den éischte lëtzebuerger Solarpedelec vum Lycée Technique d‘Ettelbruck testen, dee matt Hëllef vun Sonnenenergie seng Batterien erëm opluede kann (http://www.e-lectrike.lu).

All Kilometer vun deenen insgesamt 100 Participanten – um Vëlo oder ze Fouss – ass op dem Internetsite www.tourduduerf.lu fir eis Gemeng bilancéiert gin. Um Enn vum Dag sin sou 752 km zesummekomm.

Ënnert all de Participant’en sin de selwechten Dag nach dräi Präisser ausgeloust gin.

Nirwt dëser Aktioun hun sech nach vill Amateuren an deenen dräi Wochen vun der „Semaine de la mobilité“ um Internetsite ugemellt an hun sech geziilt fir de Klimaschutz an fir hir Gesondheet agesat. Si sin weider 1029 km gefuer, sou datt um Enn fir d’Stauséigemeng eng respektabel Distanz vun 1781 km notéiert ka gin; si läit domaaten op der Plaz 19 vun insgesamt 36 Gemengen.

Mir soen dem Service Technique vun der Stauséigemeng an deenen villen fläissegen Hänn MERCI fir hir Ënnerstëtzung.

 

 

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :