Nohaltegkeet an der Gemeng Luerenzweiler
Mir sinn houfreg, dass de „Lokale Maart“, deen e Sonndeg, den 23. Oktober 2022 zu Luerenzweiler hannert der Gemeng stattfonnt huet, de Label „Green Event“ krut. Säit 2015 engagéiere mir eis als Gemeng zesumme mam Klimateam fir e „Lokale Maart“ mat lokalen, regionalen, saisonalen, biologeschen a Fairtrade Produiten unzebidden.
Fir de „Lokale Maart“ nach méi nohalteg ze gestalten, hu mir säit 2021 folgend Mesurë getraff:
- Verzicht ob „Einweg“- Produiten: Gedrénks gëtt just a Fläschen oder Mehrwegplastik Becheren zerwéiert. Schallimoen sinn keng erlaabt! Esou evitéiere mir vill Offall. D’Iesswuere ginn um Porzeläin zerwéiert.
- Schëlder a Markéierunge benotze mir all Joers erëm. Eis Plakater a Flyere ginn op 100% recycléiertem Pabeiere gedréckt.
- Um Stand vum Klimateam kritt dir ECOBOXEN ze lounen, wann dir äert Iesse wëllt mathuelen.
- Mir sensibiliséieren d’Leit fir de Vëlo oder den ëffentlechen Transport ze benotzen – Bus Ligne 111 oder Zuch – an esou, ouni Auto, ëmweltfrëndlech op eise Maart ze kommen.
- Mir erënneren d‘Leit drun, hiren eegenen Akafskuerf matzebréngen.
- D’Dekoratiounsmaterial op de Verkafsstänn ass zu 100% rëmbenotzbar a ressourcëschounend, zum Beispill: Dësch-Nappen aus Stoff, stréie Kierf asw.
En décke Merci geet un den Oekozenter Pafendall, deen eis bei der Ëmsetzung vum „Lokale Maart“ als „Green Event“ beroden huet.