Den 30. Januar war de Vernissage vun enger ganz interessanter Expo am Recycling Center vu Jonglënster. Ënnert dem Motto: "Méi recycléieren, bewosst konsuméiere. Wéi kritt een d'Leit dozou méi ze recycléieren a méi bewosst ze konsuméieren?" ass d’Ausstellung ‚KONSUM MONSUN‘ dem Public presentéiert ginn. D’Messagë vu ganz verschiddene Verhalensweise sinn hei op 10 groussen Holzfiguren, déi vum CIGR Syrdall hiergestallt gi sinn, mat Plaquettë fixéiert ginn.
Expo – Konsum Monsun zu Jonglënster
30 Januar 2018











