OUR ARCHIVE

Home Category : Schuttrange
Null Offall Strategie Gemeng Schëtter

Dëst Reglement wat op d’Verweiung vum Offall baséiert, ass e weidere wichtege Schrëtt a Richtung Null-Reschtoffall. Mat den neien Taxe sollen all déi belount ginn déi mat op de Wee vun der Vermeidung, dem Weidernotzen an dem Recycling ginn.

Schëtter preparéiert Klimaziler fir 2030

Am Gemengerot vum 15. Juli 2020 huet de Schäfferot vu Schëtter seng Virstellungen zu Klimaziler op Gemengenniveau fir 2030 virgestallt. Dës Ziler ginn am Kader vun der Preparatioun vum Schëtter Klimapaktaktiounsplang a verschiddene Workshoppen diskutéiert, eventuell ugepasst an duerno am Gemengerot decidéiert. D’Ziler sinn aus insgesamt knapps iwwer 100 Indicateuren erausgesicht ginn.

Nohaltegen Akaf an der Gemeng Schëtter

Am Juli sinn d’Mataarbechter vun der Gemeng an enger Presentatioun iwwert d’Ambitioune vun der Gemeng zum nohaltegen Akaf a Präsenz vum Schäfferot informéiert ginn. D’Zil war den nohaltegen Akaf vun de Gemengeservicer ze organiséieren an d’Virdeeler ze erklären.

Seminaire vum 22. September 2020 iwwert d’Elektromobilitéit zu Schëtter war ee Succès!

Als Ofschloss vun der europäescher Mobilitéitswoch huet de Schäfferot vun der Gemeng Schëtter op ee Seminaire iwwert d’Elektromobilitéit op Minsbech invitéiert. Mat iwwer 50 Participante war de Sall gutt gefëllt. A senger Introduktioun ass de Buergermeeschter vun der Gemeng Schëtter Jean-Paul Jost op d’Mesure vun der Gemeng déi an de leschte Joren an deem Beräich ëmgesat gi sinn agaangen.

Eng nei Flutliichtanlag fir de Futtballsterrain zu Minsbech

Ufank September ass déi al Flutliichtanlag, fir déi et keng Ersatzdeeler méi gi sinn, um Futtballsterrain zu Minsbech duerch eng nei LED-Flutliichtanlag ersat ginn. Duerch dës Mesure gëtt den Terrain méi hell a gläichméisseg beliicht, an an engems de Stroumverbrauch an d’Liichtverschmotzung an der Ëmgéigend reduzéiert.

Holz vun hei

Holz vun hei

7 Juli 2020

Den Atelier vun der Gemeng huet insgesamt 4 nei Poubellen, 6 nei Bänken, 4 Picknicksdëscher mat Bänken aus lokalem Holz vum “Centre forestier Senningerberg”, deen sech och em d’ Schëtter Bëscher këmmert, hiergestallt