OUR ARCHIVE

Home Category : Schuttrange
Schüttringen: Ausarbeitung eines Aktionsplans im Rahmen des Klimapaktes 

Anlässlich der Sitzung des Gemeinderates vom vergangenen 26. Februar erteilten der Umwelt- und Energiebeauftragte Daniel Flies sowie der Klimabeauftragte Jeannot Schroeder den anwesenden Ratsmitgliedern einen Überblick über die künftige Gestaltung des Klimapakts innerhalb der Gemeinde Schüttringen. Dabei wurden auch die Entwicklung des Klimapaktes der vergangenen Jahre, sowie die abgeschlossenen Präventionsmaßnahmen zur Förderung des Klimaschutzes erläutert.

Guide vun der Offallgestioun fir d’ Gemengeverwaltung vu Schëtter

D’ Gemengeverwaltung wëll konsequent Offall vermeiden, weiderverwenden a wann näischt méi méiglech ass recycléieren. Der “Economie circulaire” gëtt dobäi Rechnung gedroen. Dofir huet all Mataarbechter vun der Gemengeverwaltung ee Guide kritt fir ze weise wéi dat konkret a richteg kann ëmgesat ginn.

“Littering” Campagne

Opgrond vun ëmmer méi Dreck dee laanscht d’Stroosse geheit gëtt, lancéiert d’Gemeng Schëtter d’”Littering” Campagne déi an Zesummenaarbecht vum “Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable” an der “Emweltberodung Lëtzebuerg asbl“ an d’Liewe geruff ginn ass.

Schëtter investéiert a säin Energiemonitoringsystem

D’Gemeng Schëtter huet säit 2017 een Energiemonitoringsystem fir hier Gebaier. Dëse gëtt kontinuéierlech verbessert an ausgebaut. Enn 2019 sinn insgesamt 15 nei Pompele mat Zähleren installéiert gi fir d’Consommatioune méi genau kennen ze erfaassen. Insgesamt ginn 130 Elektro-, Wärmemengten- a Waasserzähler erfaasst a graphesch duergestallt.

Schëtter installéiert 4 Krunnewaasserspender

D’Gemeng Schëtter engagéiert sech fir de Klimaschutz. Dofir si 4 Krunnewaasserspender fir d’Personal, d’Visiteure vun der Gemeng an d’Notzer vun der neier Sportshal installéiert ginn. Zum Deel kennen d’Spender och Spruddelwaasser liwweren. D’Waasser gëtt reegelméisseg vun engem onofhängege Labo kontrolléiert.

Zu Schëtter geet déi éischt PV-Anlag vun der Enercoop Syrdall un d’Netz

D’Gemeng Schëtter huet am Kader vum Klimaschutz d’Demarchë vun der Kooperativ positiv ënnerstëtzt an déi néideg Hëllefsstellung ginn. An den Ae vun der Gemeng ass et wichteg d’Bierger an der Energietransitioun ze bedeelegen, well den Zesummenhalt d’Akzeptanz vun de Mesuren am Klimaschutz fördert. Eng Kooperativ kann duerch déi national Reglementatioun eng Aspeisevergütung fir méi grouss Anlage kréien, wat eng weider Motivatioun vun der Gemeng war d’Enercoop Syrdall ze ënnerstëtzen.

En neien elektresche Streetscooter fir d’ Schëtter Gemeng

Nodeems d’ Gemeng Schëtter am Joer 2017 éischten Elektroauto kaf huet, ass de Fuerpark an Tëschenzäit mat 3 weideren E-Auto'en, engem Elektrovëlo an dësem Streetscooter vergréissert ginn, vun deem de Schäfferot vun der Schëtter Gemeng en Donneschdeg, den 31. Oktober 2019 d’ Schlësselen iwwerreecht kritt huet.

Bau vun engem ökologesche Parking zu Schëtter

Dëse Parking huet eng Capacitéit vu 64 Parkplazen. Et sinn och 3 Parkplaze fir handicapéiert Leit amenagéiert ginn. De Parking ass mat gréisst méiglechem Asaz vu waasserduerchlässegen an natierleche Materialie gebaut ginn. Bei der Beliichtung ass op d’LED-Technik gesat ginn an et ass op eng méiglechst geréng Liichtverschmotzung opgepasst ginn.

Energiekooperative im Syretal gegrĂĽndet

Im März 2019 gründeten 16 engagierte BürgerINNEN aus den 4 SIAS-Gemeinden Contern, Niederanven, Sandweiler und Schüttringen eine interkommunale Kooperative mit dem Namen „EnerCoop Syrdall“. Ziele dieser Kooperative sind u.a. die Produktion und Verteilung von erneuerbaren Energien, die Förderung der Energiewende und die Bekämpfung der Energiearmut. Die ersten, konkreten Projekte im Bereich der Photovoltaik sind schon in der Planung und sollen, in enger Abstimmung mit den Verantwortlichen der 4 Gemeinden, noch 2019 realisiert werden.

Energie [light] reloaded: Abschluss 2018 und neue Edition 2019

Die Vertreter der teilnehmenden Gemeinden von Energie [light] reloaded 2018 trafen sich in der vergangenen Woche im Oekozenter Pafendall zu einem Abschluss-Workshop. Hier konnten die Erfahrungen und Ergebnisse des Projektes zusammen mit dem Experten Hubert Grobecker vom e&u Energiebüro sowie Vertretern der Emweltberodung Lëtzebuerg und des Klima-Bündnis Lëtzebuerg – den Initiatoren des Projektes - verglichen und diskutiert werden.